Eis Chrëschtfeier fënnt dëst d’Joer den 10. Dezember am Mariendall ënnert dem Motto “Das erste Abendmahl” statt. Dat Ganzt an enger ganzer spezieller Location déi gutt zum Thema passt. Fir déi dräi beschte Verkleedunge ginn et flott Präisser – dir kënnt ärer Kreativitéit also fräie Laf loossen.
Programm:
18:30 Apéritif
20:00 Iessen
22:00: Party an danzen
Wichteg: Är Umeldung ass réischt valabel wann den Onkäschtebeitrag vun 34,99€ iwwerwise gouf! Mir hu Plaz fir maximal 80 Leit sou datt mir nom Prinzip “First come, first served” verfueren.
Mir freeën eis drop méiglechst vill Leit den 10. am Mariendall ze gesinn 🙂
Aucun champ trouvé.