
De Kaffi am Mierscher Theater fënnt Dënschdes, den 18. Mäerz 2025 vun 9h00 bis 12h15 am Mierscher Theater (53, Rue Grande-Duchesse Charlotte L-7520 Mersch) statt.
Den Accueil ass ab 9h00, wou bis 9h30 d’Ausstellung “Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur” fräi besicht ka ginn. Detailer zum Programm ginn no der definitiver Bestätegung kommunizéiert.
D’Aschreiwung ass elo zou.
Bei Froen zur Aschreiwung kënnt dir iech bei secretariat@snj.lu a bei all aner Fro bei manon.assa@snj.lu an andreas.vuori@snj.lu mellen.
Wichteg Informatiounen zum Event:
- Den Event ass op insgesamt 50 Persoune begrenzt (max. 2 Leit pro Struktur/Service)
- D’Aschreiwung ass individuell. Mellt all Participant.e separat un w.e.g.
- D’Participatioun un dësem Event ass gratis
Ausstellung:
D’Ausstellung “Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur” leeft vum 24.02.25 – 14.07.25 am Mierscher Theater.
Fir méi Informatiounen: https://snj.l0la.lu/event/jonk-sinn-momenter-vu-jugendkultur/